Gëtt Chrëschtdag iwwerall op der Welt gefeiert? D'Sarah Cattani ass jo nach ëmmer an Asien ënnerwee an huet do eng Äentwert op dës Fro gesicht.

An Asien stellt d'Chrëschtentum eng Minoritéit duer. An Indien liewe beispillsweis 80 % Hinduisten, ronn 15 % Musulmanen, ma just knapp 3 % Chrëschten. Den Ament ass d’Sarah zu Chennai am Süde vun Indien, eng Milliounestad, déi rezent vun de schlëmmsten Iwwerschwemmungen zanter 100 Joer betraff war. Gëtt Chrëschtdag hei iwwerhaapt gefeiert no der Naturkatastroph?

D’Sherene John ass als Chrëscht opgewuess, geet all Sonnden an d’Mass a wäert dann och Chrëschtdag feieren. Ma dëst Joer huet alles awer e batteren Nogeschmaach hei zu Chennai, wou iwwer 400 Leit hiert Liewe gelooss hunn an iwwer 200.000 Mënsche schlëmme Schued duerch Iwwerschwemmungen erlieft hunn.

AUDIO: Chrëschtdag an Indien

Bleift eis elo just nach SABH KRISMAS ze wënschen, dat heescht “Schéin Chrëschtdeeg” op Hindi.