D'Zuel vun de Reservatiounen a Paräisser Restaurante fir Silvester ass, ronn annerhallwe Mount no den Attentater, staark zréckgaangen.

Fir e Vertrieder vun den Hotelieren a Cafetiere läit ee bei 50% manner wéi fir Silvester zejoert. Virun allem Touristen aus den USA an aus Japan wären ausbliwwen, ma och d'Paräisser selwer géifen d'Restauranten éischter evitéieren. De Secteur geet awer vum Ufank vum neie Joer u vun enger Hausse aus.