Mao-Statu vun iwwer 37 Meter

© AFP
An der chinesescher Provënz Henan gëtt eng 37 Meter grouss Statu vum Mao Zedong opgeriicht.
Ronn 460.000 US Dollar kascht d'Statu vum Grënnungspapp vum chinesesche Kommunismus. Gesponsert goufen déi 3 Millioune Yuan vun engem chinesesche Grupp vu Kapitalisten. 9 Méint huet et gedauert, bis déi riseg Statu fäerdeg war.
De Mao Zedong war e wichtege Bestanddeel vun der Kulturrevolutioun am Joer 1966 bedeelegt a war wuel de wichtegste Mann vun der chinesescher Kommunistescher Partei am 20. Jorhonnert. Vun 1949 un huet hien d'Land bis zu sengem Dout am Joer 1976 regéiert.
De Standpunkt vun der Statu, an der Provënz Henan, gëtt awer vill kritiséiert. Et war eng vun de wichtegste Plaze während der grousser Hongersnout, wouduerch an den 1950er Joren iwwer 40 Millioune Mënschen ëmkomm sinn.

© AFP