Eng nei Zort vun Deckelsmouken entdeckt
Si gouf vum Wëssenschaftler Arthur Georges op den Numm Elysa rhodini gedeeft.
D'Elysa rhodini ass eng Séisswaasserschildkröt, déi op der Insel Neiguinea lieft. Dat huet de Wëssenschaftler Arthur Georges vun der Canberra Universitéit am Fachmagazin "Zootaxa" verëffentlecht.
Op Neiguinea, tëscht Indonesien a Pappa-Neiguinea, ass bekannt fir seng räich Flora a Fauna. Wéineg ass iwwer d'Natur op der zweetgréisster Insel op der Welt, hannert Grönland, gewosst, si ass kaum erfuerscht.
D'Elysa rhodini gehéiert zu den Elysa-Schildkröten, vun deenen dräi Ënneraarten zanter Millioune vu Joren op der Insel liewen. Déi dräi Aarte wiere viru ronn 19 Millioune Joren aus enger eenzeger Zort ervir gaangen. Si hätten déi ganz geologesch Entwécklung op der Insel erlieft an iwwerlieft.