17 Stonnen a 15 Minutten
Längste Linien-Vol flitt nonstop vun Dubai op Auckland

Vun Neiséiland bis op Dubai sinn et 14.200 Km Loftlinn: dës Connectioun tëscht Auckland an Dubai ass elo dee längsten Nonstop-Linien-Vol vun der Welt.
Deen éischte Vol war um Mëttwoch de Mueren: fir dës Streck brauch den Airbus A380 eppes klenges méi wéi 17 Stonnen a kascht ëm déi 1.500 Euro Aller-Retour.
Et ass Emirates, déi dee Vol elo offréiert – de Rekord wäert awer geschwë scho nees depasséiert sinn, well Emirates am Fréijoer de Vol tëscht Panama-City an Dubai offréiert ... dee Vol ouni Escale wäert da bal 18 Stonne laang daueren.
Am meeschte gelies