D'Karibik matten a Frankräich

Vum Waasser op de Grill: Déi antillesch Kiche leet fir Wert op frësch Fësch a Mieresfriichten.
Vill Leit interesséiere sech fir Reesen a friem Länner, ma dacks maache si sech Suergen, well si net wësse wat si erwaart.
Wat fir eng Sprooch gëtt dann do geschwat? Iessen ech déi lokal Platen iwwerhaapt? Ginn et do normal Spideeler, falls ee vun eis krank gëtt?
Alles dat si ganz berechtegt Froen, an déi franséisch Antillen bidden hei eng ganz gutt Alternativ fir Virwëtzeger, déi awer net ze vill aussergewéinlech wëlle Vakanz maachen.
Praktesch
Déi franséisch Antille genannt, setze sech aus 4 Inselgruppen zesummen: D'Guadeloupe, d'Martinique, Saint-Barthélemy a Saint Martin. Am Géigesaz zu deenen aneren 3 Inselen, ass Saint Martin an 2 Deeler gespléckt. Den Norden ass franséischen Territoire an de Süden - Sint Maarten - gehéiert zu Holland. Um franséischen Territoire gëtt dann och iwwerall franséisch geschwat. Wat besonnesch praktesch fir eis ass: Obwuel ee matten an d'Karibik flitt, brauch een awer kee Pass - d'Carte d'identité geet duer. Och mam bezuelen ass kee Problem, schliisslech ass et Frankräich an dat gehéiert zu der Euro-Zon.

Vum Waasser op de Grill: Déi antillesch Kiche leet fir Wert op frësch Fësch a Mieresfriichten.
Kulinaresch
Wee kriddeleg mam Iessen ass, muss sech hei awer net all ze vill Suerge maachen. Vum franséische Yoghurt, dem franséische Camembert bis bei de franséische Wäin gi ganz vill Produiten direkt aus dem Hexagon importéiert.
Wéi op de meeschten Inselen, besti ganz vill Platen aus Fësch a Mieresfriichten, ma et gëtt och ganz vill mat Poulet gekacht. D'Frënn vum frëschen Uebst a Geméis kommen hei absolutt op hir Käschten: Net fir näischt heeschen d'Martinique an d'Guadeloupe "Le pays de la banane". Donieft wuessen hei awer och Mangoen, Ananassen, Papayaen, Kokosnëss oder Avocadoen.
Anescht wéi a Frankräich selwer, wuessen op den Inselen awer keng Drauwen an deemno gëtt et och kee Wäin ... dofir awer Zockerrouer a Rhum.

De "Rocher du Diamant" op der Martinique ass eng vun de bekannteste Plaze vun der Insel.
Meteorologesch
Ween op d'Antille reest, muss net wierklech vill Kleeder apaken. Dagsiwwer leien d'Temperaturen ëm 30 Grad, mat liichte Variatioune jee no Saison. Eng "petite laine" kéint een am héchste Fall owes gebrauchen, ma och do fält de Quecksëlwer kaum ënner 20 Grad. Dat ganzt Joer iwwer ass d'Klima och tropesch-fiicht.
D'Héichsaison fänkt am Dezember un an dauert bis Februar - deemno sinn d'Präisser och do am Deiersten.
Déi eenzeg Period, déi eventuell manner ze recommandéieren ass, ass den Hierscht, well et hei - sou wéi an der ganzer Karibik - zu tropeschen Hierschtstierm ka kommen, déi och emol richteg geféierlech kënne sinn.

Eent vun den traditionelle Gedrénks ass den "Ti Punch", deen aus Rhum, sucre de canne an engem Sprëtzer grénger Zitroun besteet.
Gesellschaftlech
D'Leit an der Karibik loosse sech net stressen. Si liewen a genéissen hiert Liewen esou wéi et kënnt. Wee mengt, et misst een drängelen, gëtt ganz séier gewuer, datt dat kontraproduktiv ass.
Wéi op ganz villen touristeschen Destinatiounen, léiert een d'Leit besser kennen, wann ee sech fir hir Kultur interesséiert. A bei engem Glas Rhum kritt een da munch flott Geschicht erzielt.

Den "Toulouou" ass e klenge Kriibs. Beim Ënnergang vun der Sonn, komme si zu honnerten iwwer d'Plage gelaf. Angscht brauch een awer keng ze hunn, well si selwer ganz schei sinn.
Touristesch
Wahrscheinlech reest keen Europäer an d'Karibik ouni wëllen op der Plage ze leien. Op sämtlechen Inselen huet ee wäissen - an awer och emol dee méi spezielle schwaarze Sand. D'Mierwaasser huet eng ganz agreabel Temperatur tëscht 26 an 28 Grad a bréngt domat nach genuch Ofkillung ënnert der waarmer Sonn. Natierlech fënnt een och eng grouss Offer un Tauchschoulen.
Donieft huet all Insel seng individuell Attraktiounen vu Waasserfäll, iwwer botanesch Gäert bis bei Konschtgalerien.

Op de lokale Mäert fënnt een nieft frësche Liewensmëttel och hausgemaache Likören, Gebeesser, stréie Kierf a Gewierzer.