De Video vun de Responsible Young Drivers ass knapp 4 Joer al, ma och an eiser Zäit nach enorm aktuell.

Wéi dacks erwëscht ee sech selwer oder et gesäit een aner Leit am Auto, déi während dem Fueren e Message liesen oder schreiwen an dobäi ganz vergiessen, datt ee seng Aen dauernd op der Strooss soll, respektiv misst, hunn.

An dësem Video vun de Responsible Young Drivers krute Fahrschüler d'Situatioun op engem Circuit gewisen, wéi geféierlech d'Kombi Handy-Autofueren wierklech ass. De Fahrlehrer huet de Schüler gesot, datt een am Ministère decidéiert hätt, datt d'Schüler misste léieren, fir béides matenee kënnen ze maachen, well een et jo och am Stroosseverkéier mécht, och wann et geféierlech an net erlaabt ass.

Ma d'Schüler selwer hu schonn am Virfeld festgestallt, datt ee béides net matenee kombinéiere kann. D'Resultater hunn hinne da Recht ginn. Zum Gléck si si op engem Circuit gefuer an hu Pilonen "iwwerrannt" a keng Foussgänger.