Eng vun den Haaptattraktioune vun der britescher Haaptstad wäert fir e puer Méint keen Toun vu sech ginn.

Wéi dat britescht Parlament matdeelt, ginn eng Partie Reparaturen um bekannte Klackentuerm duerchgefouert, an aus deem Grond géifen d'Klacke fir e puer Méint net lauden. Ma an Ausnamefäll kéinte si awer kuerzzäiteg nees an den Asaz kommen.

Ëmgerechent 37 Milliounen Euro kaschten d'Renovatiouns- a Restauratiounaarbechten, déi vu Januar 2017 un um 96 Meter héijen Tuerm, gemaach ginn.

De Big Ben ass net den Numm vum Tuerm, wéi dat dacks ugeholl gëtt, ma esou heescht just déi déckste Klack. Den Tuerm selwer heescht offiziell Elizabeth Tower. Dësen Numm krut hien am September 2012 zu Éiere vun der Kinnigin Elizabeth II, virdrun huet hien "The Clock Tower" geheescht.