Den 29 Jore alen Eco Aktivist Sievito Chevy vu Kohima aus dem Nagaland ass op Weltrees mat engem selwer gebaute Vëlo bei deem de Kader aus Bambus besteet.

Dës Woch ass hien zu Lëtzebuerg ukomm. Hie wëll senge Leit doheem an, an der Welt weisen, datt ee mat Material, wat nohalteg an ëmweltfrëndlech ass, nëtzlech a stabil Géigestänn baue kann.
 
De Chevy ass den Initiator vum "Project 72 hrs" zu Kohima, e Projet, dee sech fir den Ëmweltschutz am Nagaland asetzt. De Vëlo soll an enger klenger Serie gebaut an am Dezember um Hornbill Festival ausgestallt ginn. Éischt Bestellunge léie scho vir.
 
De Kader, deen aus Bambus besteet deen net huel ass, huet scho 1600 Kilometer erof an ass nach ëmmer kärgesond. Eenzeg Ännerung bis elo, duerch dee ville Reen an déi wéineg Sonn ass d'Faarf vum Bambus am gaange vu giel op gréng ze änneren, kann ee just hoffen, datt e net ob eemol ausschéisst an erëm Blieder dru wuessen. Nohalteg, ouni Zweiwel.

RTL

De Sievito Chevy koum mat sengem Vëlo och fir eng Visite op de Kierchbierg. / © Domingos Oliveira/RTL

Iwwregens den Auteur vun dësem Sujet reest selwer vill uechtert d'Welt. D'Reesberichter kann een op Ren on Tour noliesen.