Um Findel ass et d'Aarbecht vun den Douanieren, datt näischt Illegales an d'Land erakënnt.

An d'Palette, wat een alles net mat dierf bréngen, ass grouss, dat geet vu liewegen oder doudegen Déieren bis hin zu Medikamenter. A grad bei de Leit, déi aus der Vakanz erëmkommen, fënnt ee sou munch Saachen.

Och muss een oppassen, wann een fir méi wéi 430 Euro akaf huet, datt een dëst Deklaréiere muss. Geet een duerch déi falsch Sortie, kann een och nach protokolléiert ginn.

Wann een awer op Nummer sécher wëll goen, wat een alles ka matbréngen, kann ee sech um Site vun der Douane www.do.etat.lu