China einfach anescht

Chinesech Zuelen / © Kesseler Véronique
A China reesen net vill Léit trotz dem interessante Land. Hei sinn e puer Tipps, wéi Dir mat manner Iwwerraschungen an der anerer Kultur kënnt liewen.
Iwwert China ginn et vill Viruerteeler, déi Deels wouer, mä meeschtens komplett falsch sinn. Zum Beispill gëtt gesot, datt all Chinesen nämmlecht ausgesinn, wat natierlech net stëmmt. Fir Europäer sinn asiatesch Gesiichtszich ongewinnt a si kënnen dowéinst net ëmmer Ënnerscheeder gesinn. Wann een awer méi Asiaten ëm sech huet, kann een se besser ënnerscheeden. Den Asiate geet et selwecht an de westleche Länner.
D'Rumeur, datt all Chinese Kazen an Hënn iessen, stëmmt natierlech och net. Och si halen des Déieren als Hausdéier. Nëmme ganz vereenzelt fënnt een am Süde vu China dest Fleesch als deier Spezialitéit.
Iwwert China weess een oft nëmmen, wat een héiert a liest, well déi wéinegst Leit selwer dohinner reesen a sech en eegent Bild vum effektiv schéinen, ofwiesslungsräiche Land maachen. Grënn dofir sinn, datt et ronderëm vill méi unzéiend asiatesch Länner als Vakanzendestinatioun ginn an datt et wéinst dem Visa schwéier schénkt, a China anzereesen.
Mä d'Rees a China lount sech.
Mä ier een dohi geet, ass et ëmmer gutt e puer Survial-Tipps ze hunn, fir datt een net komplett a dat kaalt Waasser geheit gëtt, wann een do ukënnt a bal all typesch Gewunnecht, déi een huet, do anescht ass.
Déi folgend Aussoe bezéie sech virun allem op een Openthalt an enger Groussstad, zum Beispill Shanghai, Peking a Wuhan:
- Fir d'éischt muss ee kommunizéiere kënnen. Well bal keen do Englesch kann, ass Fangersprooch hëllefräich. Wann een Iesse bestellen oder soss eppes kafe wëll, weist ee mam Fanger drop a probéiert ze erklären, wéi vill een dovu wëll. Dobäi muss ee wëssen, datt d'Zuelen vun 6-10, déi ee mat de Fanger weist net selwecht si ewéi bei eis.

Chinesech Zuelen / © Kesseler Véronique
- Fir d'Kommunikatioun weider z'erliichteren, sicht een am Beschten ee chinesesche Student. Bei hinnen ass d'Chance méi grouss, datt déi eventuell Englesch kënnen. An déi hëllefen ëmmer gär weider. Wa keen ze fannen ass, deen Englesch kann, dann ass et gutt eng offline "Translater-App" erofgelueden ze hunn. Sou kann een am einfachsten de Chinese weise wat ee wëll soen.
- Wann een an de Metro klamme wëll, soll een och net héiflech waarde bis jidderee raus ass. Mä et muss ee sech der Aart a Weis vun den Asiaten upassen an einfach an de Metro eran drécken. Soss ginn d'Dieren zou an e fiert einfach fort ouni iech. Et muss een zwar nëmme 5 Minutte waarden, mä déi nächst Metro ass net manner voll.
- Wann een iesse wëll, soll ee lokal iesse goen an net an en deiere Restaurant an den Haaptstroossen. Dat bescht a richtegt chinesescht Iesse fënnt een op der Strooss an a klengen Niewestroossen. Streetfood a BBQ op engem Maart oder déi, déi op engem Tuk -Tuk gekacht ginn, si gutt, lokal a bëlleg.

Street BBQ / © Kesseler Véronique
- A wa schonn iwwer Iesse geschwat gëtt, kann een och direkt déi chinesesch Manéier thematiséieren, Chopsticks. Et soll ee sech der chinesescher Traditioun upassen, well et gëtt seelen eng aner Wahl. Mee ëmmer oppassen, virun allem bei Nuddelen, well et mécht ee sech séier knaschteg - een Ersatz-T-shirt ass net vu Muttwëll.
- E weidert d'Thema sinn d'Toiletten, déi och eng speziell Saach a China sinn. Et gi bal nëmme Plumsklos, déi net gutt equipéiert sinn, ausser am Hostel oder am Hotel. Also soll een ëmmer Toilettepabeier oder Nuesschnappecher an Desinfektiounsmëttel dobäi hunn, well Seef gëtt et do och net.
- Punkto Verhale vun de Chinese, do gëllt "mind your own business". Si gi bei kierperlechem Sträit net dotëscht an och soss hëllefe si sech net géigesäiteg an der Ëffentlechkeet.
- Fir a China anzereese muss een e Visa ufroen, mä als Europäer, virun allem als Lëtzebuerger, huet een iwwerhaapt keng Problemer. Et muss een natierlech all Pabeiere virbereeden an déi ganz Rees am Virfeld buche, fir de Visa unzefroen, an dat ass zäitopwenneg, mä net besonnesch ëmständlech.
- All d'Partyleit, déi a China reesen, sinn a Shanghai richteg. Iwwerall si flott Baren a Discoen ze fannen. Dat Bescht ass, datt fir Europäer den Entrée ëmmer gratis ass an am Club een Dësch steet, wou ee sech gratis ze drénken däerf huelen.

Shanghai / © Kesseler Véronique
- Den Zuch ze huelen amplaz de Fliger, fir duerch dat grousst Land ze reesen, huet vill Virdeeler. Et ass méi bëlleg a wéinst de Schnellzich ass een zum Beispill innerhalb vu 5 Stonne vu Shanghai zu Peking. Mä virun allem kann een am Zuch déi chinesesch Landschaft an déi kleng Dierfer bewonneren.

Zuch Hongkong-Shanghai / © Kesseler Véronique
- China ass een zimlech séchert Land an déi meescht Leit si frëndlech. Mä et soll een awer gutt op seng Saachen oppassen. Wéi iwwerall, si virun allem Touristen Opfer vun Déifställ.
Mat deene puer Tipps sollt eigentlech enger Rees a China, ouni gréisser Iwwerraschungen, näischt méi am Wee stoen. Natierlech ass de Smog-Problem reell do, mä mat bësse Chance geséit een de bloen Himmel.
En plus léien nach schéi Länner ewéi Hong Kong, Macau a Tibet ronderëm, wou een Dagesausflich kann hi maachen.
Bon Voyage!