"Dohannen Doheem", e Summer a Portugal: Episod 1/4
Am Summer profitéiere vill Portugisen fir "heem" ze fueren a Famill a Frënn ze besichen, sou wéi d'Paula Martins an déi jonk Geschwëster Kevin an Tiffany.
Vum 31. Oktober bis den 3. November weist RTL Télé Lëtzebuerg eng nei Serie iwwer Portugisen, déi zu Lëtzebuerg liewen an déi vum Summer profitéieren, fir zeréck an hiert Heemechtsland ze fueren.
Am éischten Episode vun “Dohannen Doheem” léiere mer d’Paula Martins kennen, eng dynamesch Fra, déi ville Leit an der portugisescher Communautéit e Begrëff ass. D’Chiara an d’Geschwëster Kevin an Tiffany si jonk Portugisen, déi ouni hir Elteren de Summer iwwer bei Famill fueren, respektiv fléien.
D’Jenny Fischbach an Dominique Da Silva hunn dës ganz verschidde Personalitéiten de Summer iwwer begleet.