Am Summer profitéiere vill Portugisen, fir "heem" ze fueren a Famill a Frënn ze besichen, oder sech ze bestueden, sou wéi d'Sarah an den Dany.

Vum 31. Oktober bis den 3. November weist RTL Télé Lëtzebuerg owes um 19 Auer eng Serie iwwer Portugisen, déi zu Lëtzebuerg liewen an déi vum Summer profitéiere fir zeréck an hiert Heemechtsland ze fueren.

Am zweeten Episod vun “dohannen doheem”, e Summer a Portugal,  gesi mir de Kevin an d’Tiffany erëm, d’Geschwëster verbrénge wäertvoll Momenter mat der Famill, fir déi jonk Leit kennt kee Summer a Fro ouni e Stopp am Heemechtsduerf. D'RTL Equipe war awer och bei enger portugisescher Hochzäit mat dobäi a gëtt een Abléck a portugisesch Traditiounen.

Hei nach eng Kéier den 1. Episod:

"Dohannen Doheem" Episod 1
Am éischten Episod begleede mir ënner anerem d'Chiara an d'Geschwëster Kevin an Tiffany op hirer Rees heem a Portugal.