Am Summer profitéiere vill Portugisen, fir "heem" ze fueren an d'Famill ze besichen, oder ze feieren... sou wéi den Toni Silva a seng Frënn.

Vum 31. Oktober bis den 3. November weist RTL Télé Lëtzebuerg owes um 19 Auer eng Serie iwwer Portugisen, déi zu Lëtzebuerg liewen an déi vum Summer profitéieren, fir zeréck an hiert Heemechtsland ze fueren.

Am drëtten Episod vun “Dohannen Doheem” léiere mer den Toni Silva kennen, hien huet een Haus an der Algarve a verbréngt hei gären d’Zäit mat senge Frënn. D'RTL-Equipe war och zu Mortagua, ee klengt Duerf am Zentrum vun Portugal. Hei ass ee mol am Joer ee grousst Duerffest, an op engem Stand kritt een do Thüringer, Mettwurscht a Crémant.

Video: "Dohannen Doheem"
Am drëtten Episod léiere mir den Toni Silva kennen.

"Dohannen Doheem" Episod 3/4: Den Owend um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Hei nach eng Kéier déi 2. éischt Episoden:

"Dohannen Doheem", e Summer a Portugal (1)
Am éischten Episod begleede mir ënner anerem d'Chiara an d'Geschwëster Kevin an Tiffany op hirer Rees heem a Portugal.
"Dohannen Doheem", e Summer a Portugal (2)
Am zweeten Episod si mir op enger portugisescher Hochzäit.