"Dohannen Doheem", e Summer a Portugal: Episod 4/4
Am Summer profitéiere vill Portugisen fir "heem" ze fueren a Frënn a Famill ze besichen. Vill vun hinne kommen aus der Regioun ronderëm Mortagua.
Vum 31. Oktober bis den 3. November weist RTL Télé Lëtzebuerg owes um 19 Auer eng Serie iwwer Portugisen, déi zu Lëtzebuerg liewen an déi vum Summer profitéiere fir zeréck an hiert Heemechtsland ze fueren.
Am leschten Episode vun “Dohannen Doheem” gesi mer wéi et fir den Toni a seng Equipe um Duerffest leeft an ob se Succès mat hirem Lëtzebuerger Kascht hunn. An mir ginn eppes vum Paula Martins iwwert d’Immigratiounsgeschicht gewuer. Ganz vill vun de Portugisen déi zu Lëtzebuerg liewen, kommen aus der Regioun vun Mortagua.
"Dohannen Doheem" Episod 4/4:
Donneschdeg 03.11., 19 Auer, RTL Télé Lëtzebuerg
Hei nach eng Kéier déi éischt 3 Episoden: