Fir Virfäll wéi zu Köln z'evitéieren
Zu Wien kréien d'Fraen en Alarm fir an d'Tësch

Mat engem grellem Toun soll d'Gerät d'Täter ofschrecken awer och aner Passanten op d'Situatioun opmierksam maachen.
Fir esou Virfäll, wéi déi de leschte Silvester zu Köln z’evitéieren, gräifen d’Autoritéiten an Éisträich op eng ongewéinlech Mesure zeréck. Si wëlle 6.000 Alarmen fir an d’Täsch u Frae zu Wien verdeelen, fir datt déi sech am Fall vun enger Belästegung besser kënne verteidegen.
D’Geräter léisen nämlech ee grellen Toun aus, wa se agesat ginn. An enger zweeter Phase kéinten nach weider Alarmen ausgedeelt ginn, wann déi éischt gutt ukéimen.
Am meeschte gelies