Och zweete Grënner vu Gault&Millau gestuerwen

© afp
De franséische Kritiker, deen an der Gastronomie engagéiert war, ass e Samschdeg am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Dat gouf e Méindeg offiziell matgedeelt.
Ween d'Nouvelle Cuisine ze schätze weess, geheit dach mol gären e Bléck an de Gault&Millau. Dëse Guide gouf 1969 vum Henri Gault an dem Christian Millau an d'Liewe geruff. 17 Joer nom Gault ass elo och de Millau de Samschde gestuerwen, d'Marie Gales
Bei Restaurantskritiker denkt een gären u Filmer wéi ''L'Aile ou la cuisse'' mam Louis de Funès oder den Animatiounsfilm ''Ratatouille'' mat der Rat, déi kache kann an dem Anton Ego, dee vun alle Restauranten zu Paräis gefaart ass.
Och den Henri Gault an de Christian Millau haten sech net just mat Punkten an enger Oplëschtung vu Restaurante an hirem Guide zefridde ginn, si waren bekannt fir hir zynesch-sarkastesch Ëmschreiwungen, déi dacks ganz uerg ausgefall sinn an hinnen Plainten a Kloen abruecht hunn. Si zwee hunn dem Begrëff ''Nouvelle Cuisine'' hire Stempel opgedréckt, Nouvelle Cuisine eng Kachbeweejung, déi an de 70er Joeren eng Preparatioun mat frësche Produite vum Maart, saisonal a regional favoriséiert huet.
Keng Stäre wéi am Guide Michelin, dem anere bekannte Guide, ma de "Gault&Millau" bewärt Restauranten nom franséische Schoulnoutensystem vun 0 bis 20 Punkten. 1969 haten déi 2 Journalisten Christian Millau an Henri Gault dës Bibel zesummegestallt, fir d'éischt a Frankräich, 1978 gouf et den éischte an Eisteräich, déi Schwäizer Editioun koum 1982, an déi éischten Däitsch 1983.
Virun 2 Joer koum den 1. Guide eraus, déi sech just op déi Lëtzebuerger Gastronomie konzentréiert hat, "A Taste of Luxembourg" ass net just eng Ergänzung zum Belux-Guide mat gudde kulinareschen Adressen, ma liwwert och vill Informatiounen iwwert d'Produzenten an hiert Verschaffen
Nieft dem Restaurantsguide koum 1993 och den éischte Gault&Millau WäiGuide eraus, an dem déi beschte Wäiproduzenten an d'Wäiner nom weltwäit bekannten 100-Punkte-System bewäert ginn.
1986 war de Gault als 1. vu Gault&Millau fortgaangen an 1992 hat sech Christian Millau aus dem Geschäft zréck gezunn fir sech vun do un ganz op Schreiwen ze konzentréieren. E puer Romaner hat hie mat groussem Succès publizéiert, ma de Millau wäert wéi säi Aarbechtskolleg Gault als Gastronomiekritiker fir ëmmer an Erënnerung bleiwen.
De Christian Millau war der 88, wéi hie de 5. August fir ëmmer seng Aen zou gemaach huet.
RTL-News: Gastronomie: Net de Kach, ma de Restaurant kritt Stären, bzw. Punkten