An de Battles vun "The Voice of Germany" war et um Donneschdeg den Owend um Christine Heitz.

Déi jonk Lëtzebuergerin, déi fir Infirmière léiert, war jo no den Auditioune bei d'Fanta4 gaangen, woumatter d'Team Fanta komplett war.

Elo um Donneschdeg den Owend ass si géint de Semion mam Lidd "Faith" vum Stevie Wonder featuring Ariane Grande ugetrueden.

D'Christine Heitz hat beim Prouwe Problemer mat hirem Selbstvertrauen. D'Fanta4 hu versicht, der Lëtzebuergerin d'Angscht ze huelen, fir datt si kéint d'"Sau erausloossen".

RTL

Beim Battle huet zwar de Semion gewonnen. Duerno gouf si awer vun den anere Coaches zréckgeruff a konnt nees eng Equipe wielen. Si huet dovu gedreemt, d'Yvonne Catterfeld erauszesichen an huet dëst um Donneschdeg um Enn vun der Emissioun och gemaach: D'Christine ass elo weider mat der Team Yvonne fir d'Sing-Offs.

RTL

Et bleiwen jo och nach den Jimmy Risch an d'Christina Rodriguez an der Course!

RTL

© Screenshot Pro7

Mir drécken allen dräi Kandidaten aus dem Grand-Duché d'Daumen a wënsche Bonne Chance.