Daniela Hantuchova, Tommy Schlesser, Liam Labrosse, Jean-Claude Muller
Dës Woch geet et ëm Tennis an der Coque, eng nei Serie op der däitscher Tëlee, lëtzebuergesch Biergsteiger um Mont Blanc, an Uebst vun heiheem.
D'Daniela Hantuchova kënnt ëmmer nees gär op Lëtzebuerg fir den Dammentennis z'ënnerstëtzen. Déi fréier slowakesch Tennisspillerin, déi 2002 an 2007 den Tournoi vun Indian Wells an am Mixed all 4 Grand-Slam-Tournnoie mat verschiddene Partner gewonne huet, ass reegelméisseg zu Lëtzebuerg a verpasst net gären d'Kolleeginnen um Terrain. Zu hiren Hobbyen zielt nieft dem dem Piano och elo de Golf.

Den Tommy Schlesser ass vum nächste Mëttwoch u bei Pro7 an 'Die Cooking Academy' ze gesinn. An der neier Serie, déi zanter dem 6ten Oktober direkt nom Magasinn 'Taff' leeft, spillt de Lëtzebuerger Acteur e Jeeër. All ze vill dierf am Virfeld net verrode gi fir dass et spannend bleift, awer natierlech spillt d'Léift och eng gréisser Roll. Nächst Woch komme mir am Magasinn och op den Tournage zréck, deen an der Géigend vu Köln war.

De Liam Labrosse stoung mat 2 Kolleege 25 Minutte laang op der Spëtzt vum Mont Blanc. Den Trio ass ouni laang Experienz déi 4.809 Meter eropgeklommen, an hat kee professionelle Biergsteiger derbäi. 25 Minutten waren si iwwer de Käpp vu ganz Europa an hunn de Lëtzebuerger Fändel an der staarker Loft an d'Héicht gehalen. Dee Moment waren d'Strapazen, dat wiesselhaft Wieder an d'Keelt séier vergiess an et gouf sech just drun erënnert, firwat si et gemaach hunn.

De Jean-Claude Muller ass de President vum Landesuebstbauveräin. Mat senge Kolleegen aus dem Comité war hien e Freideg op Tournée mat Uebstkierf an war an d'Chamber, an de Regierungsrot, an d'Stater Gemeng a bei RTL, an huet do seng Doleancen un d'Politik viru ginn. Dëse Samschdeg si si vun 8 Auer u mat engem Stand um Roude Pëtz an der Stad an hunn Uebst vun heiheem, an alles wat een dorausser maache ka fir ze schmaachen an ze kafen.
