Meescht verkaafte Videospiller vun allen Zäiten...

© RTL Grafik
Vu Joer zu Joer gëtt d'Videospill-Industrie méi grouss an, ähnlech wéi am Kino, kommen och aus dësem Beräich all Joer richteg Blockbuster.
Mir hunn eis emol ugekuckt, wéi eng Videospiller, Plattform-iwwergräifend, am Meeschte verkaf goufen. An an där Lëscht fanne mer vun allem, richteg Klassiker, richteg Virreider a ganz modern Spiller.
Plaz 5: Super Mario Bros (1985)

© nintendo.co.uk
Starte mer mat engem richtege Klassiker, net mat engem Mario, mä DEM Mario. Et war dat Spill, mat der ufanks d'NES vun Nintendo ausgeliwwert gouf. Och dëst huet wuel dozou bäigedroen, datt d'Spill aktuell iwwer 40.2 Millioune Mol verkaf gouf. An dëser Verkafszuel sinn awer Re-Realeasen oder de Verkaf op virtuelle Konsolen net mat agerechent.
Plaz 4: Wii Sports (2006)

Keng Chance hate vill Nintendo-Klassiker, vu Mario iwwer Donkey Kong oder Zelda, géint Wii Sports. Eng Kollektioun vu Mini-Games, Pardon Mini-Sportsevenementer, war bis elo de gréissten Hit, deen aus dem Haus Nintendo koum. Och hei erëm, ähnlech wéi bei Super Mario Bros, Wii Sports koum bei deene meeschte verkaafte Wii-Konsolen, weltwäit eng 100 Milliounen, mat dobäi. Dëst erkläert dann och, wisou d'Spill op aktuell bal 83 Millioune verkaafte Copie kënnt.
Plaz 3: Grand Theft Auto V (2013)

© Rockstar North
Eng Open-World-Erfaarung, déi online super funktionéiert. Dat ass d'Geheimnis vu GTA V vu Rockstar Games an erkläert, datt d'Spill iwwer 90 Millioune Besëtzer fonnt huet. Iwwregens ass et grad och den Online-Modus, deen zu enger Geldmaschinn fir Rockstar Games gouf, dëst duerch sougenannte "Minitransactions".
Plaz 2: Minecraft (2011)

© minecraft.com
Eng riseg Pixelwelt huet risegen Erfolleg. 144 Millioune Copie goufe verkaf. D'Marketing-Konzept vu Mojang ass dobäi ganz einfach. Bréng d'Spill fir all méiglechen Plattformen, vu PC iwwer Konsol bis als App fir Smartphones an Tabletts eraus, an d'Leit kafen däi Spill. Esou erkläert sech dann och de Succès vu Minecraft.
Plaz 1: Tetris (1984)

© tetris.com
Old School, Klassiker an awer nach haut beléift a ganz vill gespillt. D'Konzept vun Tetris ass esou einfach, datt jidderee Spaass mam Spill kann hunn. Déi beschte verkaafte Versioun war laang Zäit déi fir de Gameboy. Si ass mat der Konsol erauskomm an dowéinst hat och bal all Gameboy-Spiller och Tetris doheem. D'Remakë fir Gameboy oder aner Konsolen, déi dono erauskoumen, goufen dann nach ronn 70 Millioune Mol verkaf. Eleng domadder wier Tetris wuel an der Top 3. Wat si awer komplett no vir katapultéiert, sinn d'Bezuel-Versioune fir Smartphonen oder Tabletten. Well mat all deene Zuele kënnt Tetris op wäit iwwer eng hallef Milliard verkaafte Copien.
E Bléck an d'Zukunft

© pugb
PlayerUnknown's Battlegrounds, kuerz PUBG, koum am Mäerz 2017 als Beta-Versioun eraus. Am Dezember dunn déi offiziell Variant. An deenen 13 Méint, déi d'Spill elo dobaussen ass, gouf et eng 35 Millioune Mol verkaf an domadder steet et schonn op Plaz 7 vun de Spiller, déi bis elo weltwäit am meeschte verkaf goufen.