Prënz William schwätzt an Interview iwwer Reform vum Kinnekshaus

© AFP Archivbild
De brittesche Krounprënz William huet Wëlles, wann hie bis Kinnek ass, d'Monarchie a sengem Land ze verbesseren.
"D'Virstellung, fir e bësse Verännerung ze suergen, befligelt mech", sou de Prënz William e Freideg an engem Interview, deen um Streaming-Service Apple TV+ verfügbar ass. Als Nofollger vu sengem Papp, dem Kinnek Charles III., géif hien allerdéngs lo net "radikal mat den Traditioune briechen", ma senger Meenung no wieren awer "Verännerungen néideg".
"D'Traditioun sollt erhale bleiwen, se spillt eng wichteg Roll beim Ganzen", heescht et weider am Interview mam kanadesche Realisateur Eugene Levy. "Ma et gi Momenter, an deenen ech mech froen, 'huet dat haut nach e Sënn'?" D'Monarchie misst sech froen, wéi se weiderhin Afloss kann hunn. "Wann een ze vill an der Vergaangenheet hänkt, kann een net flexibel sinn."
Am Interview koum den 43 Joer ale Prënz William awer och op d'Kriibserkrankunge vu sengem Papp a senger Fra Kate ze schwätzen. Hie wier "houfreg drop, wéi si mat der Krankheet ëmgaange wieren. 2024 wier dat schwéierst Joer vu sengem Liewe gewiescht. "D'Liewen test eis", sou seng Schlussfolgerung.
D'Kate hat jo am Januar erkläert, dass si einstweile vum Kriibs geheelt wier. De Charles huet seng Flichten als Kinnek och nees iwwerholl, gëtt awer weiderhi behandelt.
D'Famill wier fir hien dat Wichtegst, huet de brittesche Prënz betount. Hie géing alles maachen, fir seng dräi Kanner "virun de gierege Medien ze schützen", eppes, ënnert deem hien a säi Brudder Harry als Kanner a Jugendlecher gelidden hätten. "Si wollten all méiglech Detailer wëssen, di ware wierklech iwwerall", sou de William. D'Auswierkunge wiere fatal fir säi Familljeliewen. "Ech hu mer geschwuer, dass ech menger Famill dat ni undoe wäert."