Dëst Bild gouf net vun engem Mënsch gemoolt an ass 432.500 Dollar wäert
De "Portrait vum Edmond de Belamy" gouf vun engem franséische Grupp realiséiert an tëscht 7.000 an 10.000 Dollar geschat.
Kann eng Toile, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz produzéiert gouf, als Konschtwierk bezeechent ginn? Déi Fro huet sech op alle Fall eng anonym Persoun net gestallt. Virun e puer Deeg gouf d'Wierk "Portrait vum Edmond de Belamy" fir 432.500 Dollar bäi Christie's zu New York versteet.
Et ass déi éischte Kéier, dass e Bild, dat vun engem Algorithmus kreéiert gouf, am Kader vun enger offizieller Stee verkaf gouf. Virum Event gouf de Wäert vum Wierk op 7.000 bis 10.000 Dollar geschat. Den Numm vum Keefer, deen un der Vente iwwer Telefon deelgeholl huet, gouf net verroden.
D'Bild gesäit vu Wäitem aus wéi e klassescht Bild aus dem 18. oder 19. Joerhonnert, mat engem Mann, dee mat enger schwaarzer Jackett an engem wäisse Col poséiert. Wann een d'Wierk vu méi no kuckt, gesäit et aneschters aus. D'Gesiicht ass flou, net fäerdeg gezeechent an ënne riets fënnt een eng mathematesch Formell als Ënnerschrëft.
D'Software, déi fir dës Aarbecht zoustänneg war, huet d'Reegele vum Portrait geléiert. E franséische Grupp, de Collectif "Obvious", huet erkläert, dass se mat dëser Technik d'Kreatioun duerch kënschtlech Intelligenz demokratiséiere wëllen. Fir dëse Portrait hinzekréien, gouf d'Software mat 15.000 verschiddenen Zeechnungen aus dem 19. an 20. Joerhonnert gefiddert.
Duerch eng nei Zort vun Algorithmus, déi vun engem Google-Fuerscher entwéckelt gouf, huet de Programm du vum selwen nei Biller produzéiert. Och wann dat Ganzt zimlech automatesch ausgesäit, gëtt d'Demarche als "kreativ" vun de franséische Grënner bezeechent. Eng Maschinn huet dat geprint, an awer koum d'Iddi vun hinnen, och déi vun der Ënnerschrëft oder vun der gëllener Rumm.
Hei ginn d'Wëssenschaft an d'Technologie wierklech vum Mënsch benotzt fir nei Kreatiounen, am wäitste Sënn vum Wuert, ze produzéieren. De Mënsch ass nach ëmmer deen, deen d'Iddi huet an de Befeel gëtt, esou de 25 Joer ale Member vun Obvious, deen nach de Recht vun der Famill Belamy an engem Depot leien huet.