Samsung hat dat viru Méint versprach, mä eng chinesesch Mark huet de südkoreaneschen Handyproduzent ganz kloer iwwerholl.

Et kéint déi nächst Revolutioun an der Welt vum Smartphone sinn: beweeglech Bildschiermer. Déi chinesesch Firma Royole huet viru Kuerzem de "FlexPai" virgestallt, de Smartphone, deen een tatsächlech diebele kann. Vum Dezember un kann een dëse neie Modell a China kafen.

Mat engem Ecran vu 7,8 Zoll (1920x1440 Pixelen), deen ee vun 0 bis 180 Grad mat Hëllef vun enger Jarnéier diebele kann. Duerch dëse System bleift den Ecran esou wéi mer e gären hätten. E bësse wéi bei engem hybride Laptop. Et ass och eng Mëschung tëscht Smartphone an Tablett, esou d'Firma.

Mam Betribssystem Water OS 1.0, deen op Android 9.1 baséiert ass, gëtt de "FlexPai" vun engem Snapdragon 8150 Prozesser 8Core gedriwwen. Hei ginn am Moment zwou Gréisste vum Späicher proposéiert, entweder 128 oder 256 Go.

Wéi een am Video gesäit, huet dës nei Technologie nach e puer Problemer, wann den Ecran gediebelt gëtt, mä et hätt eng ganz einfach Erklärung: wann ee sech dat wënscht, kann een déi gesamt Surface an 3, méi kleng Ecranen deelen: déi grouss Fënster hätt eng Opléisung vun 810x1440, déi zweet 720x1440 an déi drëtt 390x1440. Mat enger Déckt vun 7,6 Milimeter, muss ee mat der Duebelt rechnen, wann de Bildschierm bis gediebelt ass. Net onbedéngt praktesch, fir an d'Täsch ze stiechen. Mä hei geet et ëm den Ufank vun enger neier Technologie, déi sécherlech nach méi entwéckelt gëtt.

RTL

© royole

A Punkto Gewiicht ass dësen Hybrid tëscht Smartphone an Tablett net onbedéngt liicht: 320 Gramm. Eng relativ grouss Maschinn also, déi een am Moment nëmmen als "Developer Model" fir 1.388 Euro (128 Go) oder 1.539 Euro (256 Go) an der Virbestellung kritt. Et schéngt, wéi wann dëse Smartphone/Tablet am Moment nëmme mat chinesesche Reseaue géif funktionéieren. Den Ufank vun enger neier Ära.