Den neien Nokia 9 PureView dierft den Accent op Foto a Video leeën, mat 5 Kameraen op der Récksäit an engem Sensor ënner dem Bildschierm.

Et gëtt schonn zanter e puer Méint gemunkelt, dass Nokia un engem neie Modell schafft, dee mat 5 Kameraen equipéiert ass an awer schéngt den Ufank vun der Vermaartung ëmmer méi no ze réckelen. Een éischt Promo-Bild an e Video goufe kuerz virum neie Joer publizéiert.

Déi logesch Evolutioun no enger Kamera, dann zwou, dann dräi a véier ... war natierlech dëse Modell, deen e Module vu 5 Sensoren huet, déi gläichzäiteg eng Foto knipsen an esou e Bild proposéieren, wat 10 Mol méi beliicht ass, wéi op engem Smartphone vun der Konkurrenz. Et kann een och de Fokus änneren, nodeems d'Foto geholl gouf. Bis elo weess een net, ob all Fotoapparat eng speziell Roll spillt, oder ob se ëmmer matenee benotzt ginn.

RTL

Zeiss, den historesche Partner vun der finnescher Mark, huet den technologeschen Deel vun der Récksäit entworf an equipéiert. Den Numm "PureView" gouf allerdéngs net méi zanter 2015 benotzt, deemools war dat de Lumia 950 wéi Nokia vu Microsoft opkaaft gouf.

Aner Neiegkeet bei der finnescher Mark: e Fangerofdréck-Sensor ënner dem Ecran. Huawei, Oppo oder och nach OnePlus benotzen dës Technologie schonn zanter e puer Méint, wat géif heeschen, dass Nokia den éischten net-chinesesche Constructeur wier, deen dëse System an engem Smartphone benotze géif. Och dat kabellost Opluede misst beim Nokia 9 disponibel sinn. Deemools waren d'Finnen och an deem Beräich Virreider mam Nokia 920, dat war viru 7 Joer.

Den neie Smartphone misst mat Android One (mat der Pie 9.0 Versioun) equipéiert sinn, wat eng 2-Joer-Garantie vun Update versprécht. Elo muss nach just den Release-Datum kommunizéiert ginn. Beim CES zu Las Vegas, deen den 8. Januar ufänkt, oder vläicht zu Barcelona am Kader vum MWC vum 25. bis den 28. Februar. Spéitstens da misst ee méi Detailer iwwer de Präis vun dëser technologescher Evolutioun an der portabeler Fotografie gewuer ginn.