Säi Virgänger konnt ee perfekte Salto sprangen. Elo huet de "SpotMini" 4 Patten a seng Intelligenz huet sech weider entwéckelt.

Deemools waren et Humanoiden vum Darpa Robotics Challenge déi d'Missioun haten, Dieren opzemaachen. Déi Maschinnen hunn de Fortschrëtt erlaabt, deen d'Robotere vun haut op deen Niveau bruecht hunn. An e gëtt ëmmer méi héich, well eng Dier opzemaachen, ass net esou einfach.

E Méinden huet d'Firma Boston Dynamics e Video publizéiert, an deem eng nei Versioun vum "SpotMini" ze gesinn ass. 4 Been, an een Aarm deen aus dem Kapp erauskënnt fir, zum Beispill, eng Dier opzemaachen. Am Video mierkt een, dass een anere "SpotMini", dee keen Aarm huet, d'Hëllef vu sengem Kolleg braucht, fir duerch d'Dier ze kommen.

Mat Hëllef vun dëser Staang, a vun engem Fouss, gëtt d'Dier, déi u sech fir Mënsche gebaut gouf, ouni Problem vun der Maschinn opgemaach.

Firwat soll och esou eng Maschinn onbedéngt wéi e Mënsch ausgesinn? Virun allem wann et drëms geet Liewen ze retten, oder méi praktesch Missiounen ze erfëllen. Op 2 Been ze "trëppelen" ass eng extrem komplizéiert Tâche, an et gi méi Videoe vu Roboteren déi falen, wéi där déi wierklech lafe kënnen. Mat 4 Been, oder Patten, hunn dës Roboteren 2 ganz kloer Avantagen: si si méi stabil a verbrauche manner Energie fir d'Gläichgewiicht permanent ze halen.

Dës nei Versioun vum "SpotMini" huet, duerch den Aarm op sengem Réck, d'Mobilitéit an d'Gewiewegkeet vun engem Mënsch. Eng reegelrecht Revolutioun an der Welt vu Roboteren, déi am permanente Wandel ass. Hei kennt d'Technik keng Grenzen, mä positiv Resultater si seelen. Eng Chance, dass hei eng Dier am Wee stoung, fir dee klenge Schratt hinzekréien.

D'Roboteren kréien et also ëmmer besser hin an eiser mënschlecher Welt virunzekommen. Mat Hëllef vum Mënsch natierlech. Ob een dat eng Kéier bedauere wäert ?

RTL

"Atlas" de Roboter vun Boston Dynamics deen ouni Problem op 2 Been sprangen a lafe kann. / © Boston Dynamics