Et ass déi lescht Aktioun vun enger inoffizieller a globaler Koalitioun, déi sech géint de Mëssbrauch vun der Technologie wiere wëll.

Leadere wéi den Elon Musk oder déi 3 Matgrënner vun DeepMind, enger Firma, déi sech op de Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz (AI) spezialiséiert hat an 2014 vu Google opkaf gouf, awer och eng ganz Rëtsch Unien, Societéiten, Schoulen oder Spezialisten uechter d'Welt hunn dës Charta ënnerschriwwen an engagéiere sech, "keng autonom Waffen" ze bauen oder ze entwéckelen.

Och eist Land ass an der Lëscht vertruede mam Recherchen-Assistent an der kënschtlecher Intelligenz an Knowledge Representation vun der Uni Lëtzebuerg.

Den Text seet ganz kloer, dass Systemer, déi hiert Zil ouni mënschlech Interventioun sichen an ofschéissen, eng moralesch a pragmatesch Gefor fir d'Mënschheet sinn. Déi Leit, déi hei ënnerschriwwen hunn, wëllen net, dass d'Decisioun, eng Persoun ëmzebréngen, vun enger Maschinn geholl gëtt.

D'Charta gouf e Mëttwoch bei der 2018 International Joint Conference on Artificial Intelligence zu Stockholm publizéiert. Organiséiert gouf d'Missioun vum Future of Life Institute, engem Institut, deen zoustänneg ass fir den existenzielle Risk vun der Mënschheet ze minimiséieren. Si hunn och d'Vereenegt Staaten dozou opgefuerdert, nei Regulatiounen am Beräich vun dëse Waffen ze consideréieren.

Et ass allerdéngs déi éischte Kéier, dass d'Leit oder d'Firmaen, déi hei matmaachen, sech individuell géint d'Entwécklung vun dëser Technologie an deem Beräich asetzen.

De Max Tegmark, Professer an der Physik am MIT, sot an engem Interview, dass dës Charta beweist, dass déi Leadere vun der kënschtlecher Intelligenz sech aktiv fir d'Mënschheet asetze kënnen. Senger Meenung no gi se méi wäit wéi d'Politiker andeems se ganz streng Limitten un d'Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz fir e militäresche Gebrauch setzen.

"Maschinnen, déi autonom Leit ëmbrénge kënnen, sinn esou repugnant wéi Biowaffen a misste mat den nämmlechte Sanktioune bestrooft ginn", esou de Professer.

De Problem an dësem Beräich ass, dass d'Technologie schonn extrem entwéckelt ass, an dass Länner wéi d'USA oder China net wëlles hunn, se net ze benotzen. Et gëtt och schwéier, esou eng Waff ze definéieren, zum Beispill gëtt et scho Maschinnen, fir en Zil automatesch mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz ze fannen, allerdéngs muss awer hei nach eng Persoun op de Knäppchen drécken fir ze schéissen ...

De Geste, dës Charta ënnerschriwwen ze hunn, ass awer e Bléck voller Optimismus an d'Zukunft vun der Technologie, déi engem heiansdo Angscht mécht.