D'Kierch huet hir eege "Pokemon Go" App lancéiert
An et geet natierlech drëms, de Jesus ze fannen. Follow Jesus Christ Go, eng ganz seriö App, déi vun enger chrëschtlecher Fondatioun produzéiert gouf.
Pokemon Go, dat Spill, wat zanter 2016 méi wéi 2 Milliarden Dollar Revenuen akasséiert huet, ass eng App, déi bis elo méi wéi 800 Millioune Mol erofgeluede gouf. E Spill, wou de Spiller esouvill wéi méiglech Pokemone fänke soll. Mat Hëllef vun erhéichter Realitéit ginn déi kleng Monsteren iwwerall am "richtege" Liewen, an der Strooss, am Gaart, am Park, a verschidde Gebaier, um Smartphone gewisen.
Ass et elo méi einfach de Péitruss oder de Pikachu ze fannen?
Fir dat erauszefannen, muss een déi nei App "Follow JC Go" eroflueden. Déi chrëschtlech Versioun vum bekannte Spill proposéiert eng Rees duerch eng digital biblesch Welt, mat enger anerer Stëmmung an natierlech anere Personnagen. Wann een ënnerwee een Hellege begéint, muss ee Froe beäntweren an et kann ee Punkte mat Waasser a Brout sammelen. Et kann een och ënnerwee stoebleiwen, fir ze bieden.
Dëst Spill ass d'Initiativ vun der Fondatioun Ramon Pané, déi ganz no un evangelesche Gruppen aus Südamerika ass. Et soll eng natierlech Virbereedung an eng spirituell Aleedung fir den nächste Weltjugenddag sinn, deen nächst Joer a Panama organiséiert gëtt.
D'App fënnt een am Play Store awer och am App Store an der Kategorie "Adventure". Net onbedéngt abenteuerlech an awer heiansdo ganz intressant, wa Kierchen ugewise gi mat Detailer an Informatiounen iwwer d'Geschicht vum Gebai. Och wann hei keng japanesch Kreature gejot ginn, soll ee weiderhi beim Spillen oppassen. Och wann de Péitruss déi aner Säit vun der Strooss steet, soll een nach ëmmer virsiichteg ronderëm lafen.
Souwéi beim Originalspill kann een och hei Ekippe forméieren, fir zesummen ze spillen an esou méi Punkten ze sammelen. Et ginn och Klassementer, déi pro Géigend, pro Ekipp an och pro Land sortéiert ginn. Wat d'Zil vun dëser App ass, ass wuel esou kloer wéi bei Pokemon Go: fänkt se alleguer! Wéinstens maachen déi Leit, déi hei op der Juegd sinn, e bësse Sport an entdecken nei Géigenden a Geschichten. Allerdéngs gëtt et d'Spill am Moment nëmmen op Spuenesch... e gudde Grond, fir eng nei Sprooch kennenzeléieren.