Poopst invitéiert Jonker, mat "Click to Pray" ze bieden

© afp
Déi kathoulesch Kierch wëll sech modern ginn a proposéiert vun elo un e Service, fir seng Gebieder mat der Welt ze deelen.
Am Virfeld vun de Weltjugenddeeg a Panama, wou den Franziskus d'nächst Woch wäert hireesen, huet de Poopst e Sonndeg Jonker dozou opgefuerdert, eng App erofzelueden, fir all hir Gebieder mat der ganzer Welt ze deelen.
"Internet a sozial Netzwierker sinn eng Méiglechkeet, fir a Kontakt mat anere Leit ze bleiwen, fir Projeten oder wäertvoll Gedanken ze deelen a fir Wënsch auszedrécken, wéi zum Beispill eng Gemeinschaft ze bauen", esou de Poopst wärend sengem Angelus-Gebiet op der Péitersplaz.
"Den Internet kann eis och hëllefen, an dëser Gemeinschaft zesummen ze bieden", huet hien erkläert, ier de Poopst dunn d'App "Click to Pray" mat Hëllef vun engem Tablett probéiert huet virzestellen ... mä live ass jo esou eng Presentatioun ni ganz einfach.
"Hei wäert ech Intentiounen a Gebiet-Ufroe fir Kierch-Missioune bäisetzen", huet de Chef vun der kathoulescher Kierch präziséiert. D'Plattform gouf schonn 2016 lancéiert, ouni deemools awer ganz fäerdeg gewiescht ze sinn.
An engem Communiqué vum Vatikan ginn d'App an den Internet-Site als "Méiglechkeet, de Poopst ze begleeden an enger Missioun vu Matgefill fir d'Welt" beschriwwen.
De Service gëtt a sechs verschidde Sproochen ugebueden: Spuenesch, Englesch, Italienesch, Franséisch, Portugisesch an Däitsch. En ass um offizielle Site disponibel awer och als App (op Android an iOS) an op de sozialen Netzwierker.
"Click to Pray" ass déi offiziell Gebiet-Plattform vun de Weltjugenddeeg 2019, déi vum 22. bis de 27. Januar a Panama mam Poopst organiséiert ginn.