Model Y, den neien SUV vun Tesla

© Tesla
Den neien Auto gëtt 10 Prozent méi grouss a méi deier, wéi de Model 3 vun deem de neie Modell staark beaflosst soll sinn.
Virun e puer Deeg huet dem Elon Musk seng Firma eng méi bëlleg Versioun vum Model 3 presentéiert, dës Woch geet et viru mat der Ukënnegung vun der Presentatioun vum neien elektreschen SUV-Crossover-Model Y.
Nieft klengen Detailer, déi de Chef vun Tesla op Twitter matgedeelt huet, wéi d'Gréisst an d'Autonomie vum neie Modell, gouf och de 14. Mäerz als offiziellen Datum genannt, fir d'Presentatioun vum Model Y am Kader vun engem Evenement zu Los Angeles.

© afp
D'Architektur vum Model 3 gouf als Basis vum neien SUV benotzt, den neie Modell gëtt 10% méi grouss a gëtt och 10% méi deier. Vu dass béid Modeller mat der gläicher Batterie equipéiert ginn, ass d'Autonomie vum Y liicht méi kleng. Bis elo huet Tesla nëmmen ee Bild vum Prototyp publizéiert, et war deemools eng schwaarz-wäiss Foto, déi eng graff Iddi vum Auto ginn hat.
An enger éischter Phas gëtt Model Y zu Reno (Nevada) gebaut. Duerno gëtt een Deel vun der Produktioun a China geplënnert, wou Tesla am Gaangen ass, eng fonkelnei Fabrick ze bauen. Den neie Site misst normalerweis nëmmen Autoe bauen, déi fir de chinesesche Maart geduecht sinn.
Viru ronn engem Joer hat den Elon Musk schonn vum 15. Mäerz geschwat fir d'Presentatioun vun engem neien SUV. Net schlecht geroden, vue dass den offiziellen Event een Dag éischter organiséiert gëtt.
Aner Ukënnegungen misste vun Tesla bis zum Schluss vum Joer kommen, ënner Anerem och déi vun engem neien elektresche Camion.