
© AFP
E Samschdeg hat de Musk eng Ëmfro lancéiert, ob de fréieren US-President nees dierft "twitteren". Enk knapp Majoritéit vun 51,8 Prozent war dofir.
Den Donald Trump ass nees op Twitter, well den neie Chef vun der Online-Plattform Elon Musk dem fréieren US-amerikanesche President säi Kont entspaart huet.
De Musk huet getwittert, d'Vollek hätt geschwat, den Trump wär nees zougelooss. D'Notzer vun Twitter konnten driwwer ofstëmmen, ob si de Retour vum fréiere President wëllen oder net.
De Sondage war allerdéngs net representativ. E war nëmme 24 Stonnen op an et hu ronn 15 Millioune User deelgeholl. 238 Milliounen notzen den Déngscht awer dagdeeglech. Vun de Participanten huet sech eng knapps Majoritéit vu bal 52 Prozent dofir ausgeschwat, dass dem Trump säi Profil nees deblockéiert gëtt. Zanter Ufank 2021 war dee gespaart.
De republikanesche Politiker hat kuerz virum Enn vun der Ëmfro betount, hie wéilt op senger eegener Online-Plattform Truth Social bleiwen. Do huet hien eppes méi ewéi véier Milliounen Abonnenten. Bei Twitter hat hien der méi ewéi 80 Milliounen. Säi Konto war elo op Null gestallt ginn. Ma bannent Minutten hat hien nees méi ewéi 1 Millioun sougenannte Follower, um 7.30 Auer eiser Zäit e Sonndeg de Moie waren d'Zuele schonn op iwwer 9 Milliounen, also méi wéi duebel esou vill wéi op senger eegener Plattform, geklommen. Am Laf vum Sonndeg de Moie krut hien dunn all seng fréier Follower, déi nach en Twitter-Account hunn, nees dobäi gesat. Zu deem Ament hat de Geschäftsmann a Politiker awer nach keen neien Tweet verfaasst.
De fréiere President Trump hat jo viru Kuerzem annoncéiert, dass hie bei den nächste Presidentiellen 2024 an den USA Kandidat fir d'Republikaner wëll sinn. Seng Kaarte sinn dëst Kéier awer méi schlecht.