Virale VideoMann a Florida fänkt Alligator mat Dreckskëscht an

RTL Lëtzebuerg
Ouni laang ze zécken, huet ee 26 Joer ale Familljepapp en Alligator a sengem Virgaart agefaangen.
© afp

De “Florida man” ass längst net nëmme méi just an den USA ee bekannte Konzept. Och international suergen déi halsbriechereg Geschichten aus dem südwestlechsten Zipfel vun Amerika ëmmer nees fir Opmierksamkeet. Den Ament mécht an de soziale Medien e Video vun engem Mann a Florida d’Ronnen, deen a sengem Virgaart een Alligator agefaangen huet - mat enger Dreckskëscht. Op Twitter gouf eng méi kuerz Versioun vum Video scho ronn 10 Millioune mol ugeklickt.

Am Video ass ze gesinn, wéi dee 26 Joer ale Familljepapp dem Déier lues a lues mat der opgeklappte Dreckskëscht méi no kënnt. Dee well sech allerdéngs net afänke loossen a leet de Réckgang an. De Mann léisst dem Alligator den Deckel vun der Këscht op de Kapp falen an notzt dem Déier seng Verwirrung, d’Dreckskëscht nees de riichte Wee dohin ze stellen.

Dem Alligator ass bei der Aktioun näischt geschitt. Nach an der Dreckskëscht gëtt en iwwer d’Strooss gerullt an an engem Weier op där anerer Säit nees ausgesat.

“Dat Eenzegt, wat mir an de Sënn komm ass, war meng Kanner ze schützen”, sou den Eugene Bozzo de Mëttwoch der Zeitung “USA Today” géigeniwwer. Wou seng Kanner him vun dem Déier erzielt hätten, hätt hie fir d’eicht geduecht, et wier nach ee Bëbee-Alligator. Mä wou de Papp gesinn huet, wéi grouss d’Déier war, huet en sech dozou entscheet, eppes ze maachen. Den Alligator hätt sichtlech Angscht gehat. “Dofir wosst ech, datt ech am Virdeel war.”

Back to Top
CIM LOGO