Och wann Zuele vu Pre-Corona net erreecht ginnFedamo weist sech ganz optimistesch en Vue vum Autosfestival

Serge Pauly
Den Autosmaart huet sech an de leschte Joren nees stabiliséiert an trotzdeem huet d'Fedamo Fuerderungen un d'Politik.
Fedamo weist sech ganz optimistesch en Vue vum Autosfestival
Den Autosmaart huet sech an de leschte Joren nees stabiliséiert an trotzdeem huet d’Fedamo Fuerderungen un d’Politik.

Am Virfeld vum Autosfestival, deen dëst Joer vum 24. Januar bis 2. Februar organiséiert gëtt, weisen d’Autosdistributeure sech ganz optimistesch. Och wann d’Rekordzuele vu viru Corona net méi erreecht ginn, huet den nationalen Autosmarché sech nämlech déi lescht Jore stabiliséiert.

2025 goufen hei am Land 47.161 nei Autoen ugemellt. Dat ass ee liichte Plus vun engem Prozent. Weiderhi ganz populär sinn Occasiounsautoen: 62.000 Autoen hunn d’lescht Joer de Proprietär gewiesselt, dëse Marché wiisst ëm 4,5 Prozent. Gläichzäiteg klëmmt den Alter vum Fuerpark. Dat lescht Joer war jidder Auto mat Lëtzebuerger Placken an der Moyenne 8,3 Joer al – dat ass ee Joer méi wéi nach 2019.

Eng Entwécklung mécht der Fedamo awer besonnesch Suergen: de Marché vun de Firmeween riskéiert anzebriechen. Schold dorunner wier, dass rezent nëmmen nach reng elektresch Déngschtautoe steierlech bevirdeelegt ginn. De President vun der Fedamo Philippe Mersch fuerdert vun der Regierung, déi Mesure op d’mannst deelweis zeréckzedréinen:

Extrait Philippe Mersch

“Et ass am Fong verréckt, dass d’Leit aus deem System vun enger voiture de société erausklammen an eng aner Mobilitéitssolutioun wielen. Anstatt dass mer soen, ma jo komm, mir huelen déi Autoen, déi och niddreg Emissiounswäerter hunn, an dee Benefice vun enger voiture de société mat eran, sou wéi dat zum Deel och am Ausland geschitt a sou wéi och elo Europa gesot huet.'Mir schwätzen net méi just vun 100 Prozent Elektresch, mä mir maache vläicht e bëssen en Assouplissement. Dat ass eise Wee, fir elo ze soen, mir mussen dat a Fro stellen.”

Den Elektroauto war dat lescht Joer iwwregens mat gezunner Handbrems ënnerwee. 2025 goufen 12.664 nei Elektroautoen hei am Land zougelooss, dat ass ee minimale Réckgang vu ronn 100 Unitéiten, oder 0,9 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. D’Fedamo erkläert sech dat net nëmmen domadder, dass d’Firmen manner Autoe kafen, mee dass och d’Privatclienteë veronséchert wieren, nodeems déi staatlech Primme fir en Elektroauto Enn 2024 vun 8.000 op 6.000 Euro erofgesat gouf.

D’Clienteë setzen elo léiwer op een Hybridauto. Mat engem Maartundeel vun 29 Prozent war keng aner Motorisatioun esou beléift wéi den Hybrid ouni Stecker. Déi klassesch Verbrenner sinn dogéint ëmmer manner gefrot. Den Diesel entwéckelt sech mat engem Maartundeel vun nëmmen nach knapp 10 Prozent zu engem Nischeproduit.

Commentairen
Dem Datum no sortéieren
Fir Commentairen ze schreiwen, musst Dir ageloggt sinn
Back to Top
CIM LOGO