
D’Leit, déi am Land liewen, leeschte sech nach ëmmer gär hiren Auto, a parallel dozou, datt d’Zuel vun Awunner klëmmt, geet och déi vun den ugemellte Gefierer erop. Waren et viru 7 Joer nach 364.000 Ween, sou sinn aktuell 431.000 Ween ugemellt.
De Fuerpark geet also ronn 3% d’Joer erop. Lues a lues zitt och de Maart vun den alternative Motorisatiounen un, ouni awer lo de grousse Boom duerzestellen.
De Maart vun den 100%-Elektroautoe boomt zwar net total, mä zitt och hei am Land un.
Dat stellen d’Ministeren Dieschbourg, Turmes a Bausch fest, responsabel also fir Natur, Energie a Mobilitéit, an hiren Äntwerten op 3 parlamentaresch Froe vum Deputéierte Marc Goergen vun de Piraten.