François Bausch1. Waasserstoff-Tankstell kënnt Enn 2021 op Bartreng

RTL Lëtzebuerg
Muss net méi op d’Waasserstoff-Mobilitéit gesat ginn? Ass de Waasserstoff net déi besser Alternativ zu der Elektro-Mobilitéit?

Waasserstoff-Mobilitéit / Reportage Carine Lemmer

Dat wollt den CSV-Deputéierte Paul Galles vun der Regierung an der Chamber wëssen. A firwat hu mer nach keng Waasserstoff-Tankstell am Land?

Déi gréng Ministere Claude Turmes (Energie) a François Bausch (Mobilitéit) hu geäntwert.

De Probleem wär, datt de Waasserstoff aktuell nach net klimafrëndlech wär a bal ganz aus fossiller Energie hiergestallt gëtt, sou de Claude Turmes. Dat misst een – op europäeschem Niveau – änneren an och derfir suergen, datt déi Energie bezuelbar gëtt.

De François Bausch huet confirméiert, datt déi éischt Waasserstoff-Tankstell bis Enn des Joers op Bartreng kënnt (vis-a-vis vum Delhaize). 4 Joer laang hätt ee verhandelt.

De Waasserstoff wär eng Alternativ speziell fir Laangstrecken a schwéier Gefierer. Net fir de klengen Auto, do wär d’Elektrobatterie de bessere Choix. Allgemeng misst een de System änneren, net einfach en Auto mat Verbrennungsmotor duerch een Elektroauto ersetzen.

Waasserstoff-Autoen géifen haut schonn iwwert de Leasing gefërdert ginn. Ob och Primme kommen, misst ee kucken.

Back to Top
CIM LOGO