De Stater Car-Sharing Service “Carloh” huet finanziell Problemer. De Stater Schäfferot wëll de Projet awer net fale loossen a plangt, d’Kapital vum “Carloh” mat 2,8 Milliounen Euro nees opzefrëschen. Méi Statiounen, méi Autoen, méi Clienten, dat ass d’Iddi. Ma um Stater Territoire gëtt et Konkurrenz ...
Zanter Februar zejoert ass nämlech de Car-Sharing-Service vun den CFL operativ. De “Flex” huet eng Flott vu ronn 80 Autoen, verdeelt uechter d’ganzt Land. Déi 20 Statioune si ganz dacks no bei enger Gare oder engem Busarrêt ewéi zu Izeg bei der Schoul zum Beispill.
Dem “Carloh” seng Offer beschränkt sech op aktuell 9 Statiounen um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. Umelle kann ee sech iwwer Internet oder am Guichet. Eng Informatiouns-Versammlung duerno ass awer obligatoresch. Aschreiwen an direkt lass jauwen ass net méiglech. De Service huet nawell net wéineg Abonnenten, et sinn der eng 630. Ma nëmme 400 fuere reegelméisseg. De Verkéiersschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt, ass realistesch:
“Dat geet awer net duer, fir dass dat sech finanziell dréit. Mir hunn dat mat engem Kapital gemaach vun annerhallwer Millioun viru 4 Joer. Dat Kapital ass elo geschwënn opgebraucht. Dat heescht, d’Decisioun, déi mir ze huelen hunn an deenen nächste Wochen, ass eng Kapitalerhéijung ze maachen an déi Gesellschaft.” (28. Januar 2018)
2,8 Milliounen Euro iwwer 10 Joer an eng Societéit, déi der Stad gréisstendeels gehéiert. De “Carloh” ass e Service vun “Carsharing Lëtzebuerg”, wou d’Stad mat 97 Prozent bei Wäitem den Haaptaktionär ass.
“De Car-Sharing ass fir eis net einfach fir grousse Gewënn ze maachen, mä et gehéiert bei eis och zu der Mobilitéits-Ketten”, sot de Patrick Goldschmidt.
Mat der Investitioun soll d’Flott vum “Carloh” op 58 Wee vergréissert an d’Zuel vu Statiounen op 26 gehuewe ginn. Rieds war bis ewell deemno just vu materiellem Ausbau. Um Modell wëll een den Ament näischt änneren.
D’Car-Sharing-Servicer Carloh a Flex hu gemeinsam, dass de Client den Auto no sengem Trajet nees op genee déi Plaz zeréckbrénge muss, wou e fortgefuer war. Am Verglach dozou de Service Drive-Now: An 12 Stied an Europa funktionéiert deen nom Prinzip vun der fräier Flott, dat heescht de Client klëmmt do an den Auto, wou grad een ass, a parkt duerno, wou e wëll. Gesteiert gëtt dat Ganzt iwwer GPS. Zu München sinn 20 Prozent vun de Leit mat Führerschäin abonnéiert. Ma München huet iwwer annerhallef Millioun Awunner. Do fënnt sech eng Masse critique. E Potenzial, vun deem d’Stad Lëtzebuerg just dreeme kann ...