
Alles an allem goufen ewell Ugangs vum Joer iwwer 1.100 Autosbesëtzer vu Stellantis iwwert méiglech Problemer um Takata-Airbag informéiert - vun der “Stop Drive"-Mesure waren dunn am Summer eng 350 Ween betraff. Wéi gesot hunn 200 Leit net op d’Rappell-Bréiwer vum ILNAS reagéiert an d’futtis Airbaggen och net ersetze gelooss.
Potentiell setze sech dës Chaufferen also der Gefor aus, datt den Airbag bei engem Accident net funktionéiert wéi e misst.
Dës Informatioune liwwert de Wirtschaftsminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.