Eng Annonce, déi fir all Bedeelegt am Secteur en enormen Defi duerstellt. De Christian Schmit hat sech bei engem “Autocarist” ugemellt, fir gewuer ze ginn, wéi e sech op déi Erausfuerderung preparéiert an hat dowéinst Rendez-vous mam Georges Hilbert. Zu Käerjeng, do wou hien Directeur général ass, stinn am Moment eng 600 Gefierer um Haff. Vum Minibus iwwer de Stater Bus bis zum super confortabele Reesbus. Hien huet schonn Erfarung am Beräich vun der Elektromobilitéit. Eng 50 Gefierer mat E-Power gehéiere schonn zum Fuerpark.
Fir dass ee fir 2022 prett ass, goungen d’Preparatioune scho mat Zäite lass. “Mir hunn (der) schonn zënter 8 Joer...awer och ouni Kaméidi.”
Elo weess ee jo, dass och nach Linne bäi kommen, an d’Autonomie vun engem Elektrobus natierlech méi kleng ass wéi beim klassesche Verbrenner. Deem muss Rechnung gedroe ginn, schliisslech wëllen d’Passagéier jo net nëmme bequem vun A no B bruecht ginn, mee dat och nach waarm am Wanter a klimatiséiert am Summer. An Zukunft wäerten Elektrobusser am ganze Land fueren. Wéi grouss ass den Challenge, fir net hänken ze bleiwen? Et ass eng Saach vu Planning: Ekologesch fueren an ënnerwee lueden, sou de Georges Hilbert.
Et ass e groussen Challenge, dee sech do fir 2022 annoncéiert. Kloer, dass och do Chaufferen a Mechatroniker am Atelier am Virfeld an d’Formatioun mussen. Et muss ee sech lues a lues op Elektromobilitéit ëmstellen. Dofir muss dann och zwangsleefeg um Haff geraumt ginn. Busser ginn ausrangéiert.