Europawäit Zuelen2025 goufe méi Hybriden an E-Autoen zougelooss, wéi Verbrenner

AFP, iwwersat vun RTL
Méi E-Autoen, manner Verbrenner: Europawäit sinn am leschte Joer méi Hybridautoen an E-Autoen zougelooss ginn, wéi reng Verbrenner-Ween.
Mehr E-Autos, weniger Verbrenner: Europaweit sind im vergangenen Jahr mehr Hybridfahrzeuge und E-Autos zugelassen worden als reine Verbrennerwagen. Der Anteil reiner Benzin- und Dieselfahrzeuge ging dagegen zurück.
Den Undeel vu renge Bensinn- an Dieselgefierer sinn zeréckgaangen.
© AFP/Archiv

D’Verkafszuele vun Hybrid-Elektroautoe sinn am leschte Joer ëm 13,5 Prozent geklommen an hunn domat en Undeel vu 34,5 Prozent bei alle Verkafszuelen erreecht. Dat deelt de Produzenteverband Acea en Dënschdeg mat. Domat leie se viru Bensinner, deenen hiren Undeel um Marché 26,6 Prozent ausgemaach huet.

D’Verkafszuele vun den E-Autoen ass dem Acea no ëm 30 Prozent geklommen an huet domat een Undeel vu 17,4 Prozent vun de komplette Verkafszuelen ausgemaach. Och d’Verkafszuele vu Plug-in-Hybride sinn deemno eropgaangen. Den Undeel vu renge Bensinn- an Dieselautoen ass dogéint zeréckgaangen.

Insgesamt goufen dem Acea no 2025 an der EU ronn 1,88 Millioun Neiween zougelooss. Dat ass deemno eng Hausse vun 1,8 Prozent géigeniwwer vum Joer virdrun. Trotz dem insgesamt moderate Wuesstem vun de Verkafszuele ginn d’Verbraucher deemno weider a Richtung vun den Hybrid- an E-Autoen.

Back to Top
CIM LOGO