
Ganzer 80 Radare ginn nach virum Enn vum Joer an der Wallonie installéiert, dorënner 21 an der Province de Luxembourg kuerz hannert der Grenz. E puer vun dësen Apparater ginn a Gemengen opgestallt, déi de Lëtzebuerger wuel gutt bekannt sinn, wéi Messancy, Bertogne, Habay, Gouvy oder och Bertrix.
De wallounesche Mobilitéitsminister François Desquesnes hat schonn Ufank August d’Installatioun vun 32 neie Streckeradaren an der Wallonie ugekënnegt. Dës Woch huet de Minister elo déi ausgewielt Plaze verëffentlecht, wou warscheinlech zum Groussdeel fix Radaren an déi fir Rout Luuchten installéiert ginn.
Verschidde Gemenge kréien der esouguer méi, dorënner Bertrix (4), Gouvy (2), Habay (2) a Wellin (2).
Hei déi nei Radaren am Iwwerbléck: