
Dat hunn den Energieministère an de Wirtschaftsministère e Freideg de Moien an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt.
17 Betriber kruten den Zouschlag, dorënner Tankstellen, Akafszentren oder nach Handwierker- an Industriebetriber. Fir den Invest kréie se Subventiounen, déi bis zu 50% vun de Käschte kënnen decken. All nei Luetstatioun huet eng Capacitéit vun op d’mannst 175 Kilowatt. D’Statioune sinn iwwert d’ganzt Land verdeelt.
Link: D’Schreiwes vum Energie- an dem Wirtschaftsministère.
RTL-News: Nei Ausschreiwung: Elektrobornen a Betriber gi subventionéiert