Scho vu wäitem waren zwee riseg Äerm vu Kranen z’erkennen. An dës haten eng wichteg Roll, well si hunn eng 28 Meter laang a 75 Tonne schwéier Putter op déi richteg Plaz misse setzen. An Italien, no bei Venedeg, gouf dëst Stéck am Virfeld gebaut an zesummegeschweesst.
Zanter Januar 2019 lafen d’Transformatiounsaarbechte vun der Bréck. Am Summer d’lescht Joer huet déi 2.Phas ugefaangen. No der Süd- gëtt den Ament un der Nordsäit vun der Bréck geschafft. Sënn an Zweck vun dësen dach ganz opwännegen Aarbechten ass d’Verbreedung vum Pont Buchler. Aus 23 gi spéider 42 Meter. Eng multimodal Bréck aus enger metallener Struktur a Stolebëton entsteet.
Wärend 3 Weekender gëtt un der Bréck geschafft. Si verbënnt jo de Garer mam Bouneweger Quartier. Ufank 2022 sollen d’Aarbechte fäerdeg sinn an den Tram kann dann iwwert de Pont Buchler Richtung Bouneweg an Houwald fueren.
D’Käschte belafen sech op iwwer 25 Milliounen Euro.