Dës Zuelen hunn de Mobilitéitsministère an d’Direction du Tourisme vum Wirtschaftsministère e Mëttwoch publizéiert. Dëst Joer huet de Vëlosummer och 6 Woche laang gedauert. Grond dofir waren d’Aarbechten op der Zuchstreck a Richtung Norden.
De gréisste Succès hat de Mamerdall-Tour, deen iwwer 20 Kilometer vu Miersch op Mamer gaangen ass.