"Aner Fuerkultur"5. Anniversaire vun de Radaren

RTL Lëtzebuerg
Mëtt Mäerz, virun 5 Joer, gouf deen éischte fixe Radar am Grand-Duché a Betrib geholl. Dat op der N7.
5. Anniversaire vu de Radaren
Mëtt Mäerz, virun 5 Joer, gouf deen éischte fixe Radar am Grand-Duché a Betrib geholl. Dat op der N7.

Et schéngt, datt déi präventiv Wierkung vun de Kontrolle bis ewell seng Friichten dréit. Den zoustännege Minister zitt dann och een positive Bilan. An Zukunft sollen awer Rout-Luucht-Radaren a Radaren an den Tunnellen installéiert ginn.

Viru 5 Joer goufen déi éischt fix Radaren zu Lëtzebuerg installéiert. Mëttlerweil ginn et 24 fix Radaren hei am Land. Elleng zejoert hunn déi gro Tierm méi ewéi 140.000 Automobiliste geblëtzt. Mat Hëllef vun de Radaren hätt een eng aner Fuerkultur geschafen, esou den zoustännege Minister:

Zejoert gouf een neie Streckeradar op der N11, tëscht dem Waldhaff a Gonnereng, installéiert. Dëse rechent d’Duerschnëttsgeschwindegkeet vun den Automobilisten op enger Längt vu 4 Kilometer, op där eng Vitesslimitatioun vun 90 Stonnekilometer gëllt. Donieft gëtt um Enn vum Joer ee Radar am Tunnel Markusbierg installéiert:

Donieft, soll am Abrëll de Rout-Luucht-Radar op der Stäreplaz an der Stad a Betrib geholl ginn. Dëse soll Automobilisten erkennen, déi duerch out fueren.

2 weider Rout-Luuchte-Radaren ginn zu Hollerech an um Schlammestee an Zukunft installéiert.

Doriwwer eraus ass d’Police mat verschiddenen mobillen Radaren equipéiert.

Back to Top
CIM LOGO