Déi feiert genee op den Dag haut hire 60. Anniversaire. De Christian Schmit gratuléiert, an dat mat zwee Exemplairen, an deenen hiren houfrege Besëtzer.
Bei 8.135.424 gebauten Exemplairen sollt de Compteur 1992 um Enn stoe bleiwen. D’R4 huet sech mëttlerweil zimmlech rar gemaach.
De fréieren Präsident vum Auto Konstrukteur Renault, Pierre Dreyfus hat eng kloer Virstellung wéi eng R4 sollt ausgesinn. Virun allem praktesch, populär, ästhetesch besser gelonge wéi Konkurrenz Modeller, awer manner elegant wéi de Modell Dauphine.
Mat sengem groussen a variabelen Interieur hat en an de 1960er Joren och mat senge 5 Dieren iwwerrascht. Oder mat der hënneschter Sëtzrei, déi sech mat enger Schrauf ëmklappen an ausbaue gelooss huet. A schwupps hat een esou eppes wéi eng kleng Camionnette. D’R4 als Fourgon sollt jo och du nach nogereecht ginn.
D’Präis-Leeschtungsverhältnes konnt net nëmme jonk Familljen iwwerzeegen, mä och beispillsweis eng Guardia Civil. Nach bis wäit an d'1990er Joren waren déi do am Asaz.
Legendär och d’Revolverschaltung. Déi war noutwenneg, well d’Boîte deemools virum Moto montéiert gouf.
Luef gouf et fir eng excellent Stroosselag an de franséisch softe Fiederungsvonfort. Jo e kritt esouguer de Spëtznumm „Schaukelpäerd“ wéinst dem Opschaukele vun der Karosserie.
Bescheide goung et lass mat 747 Kubik an 23 PS. Mee och bis zum Schluss waren et der just 34 där Päerdecher, awer ëmmerhin dunn 1100 Kubik. Optesch sollt sech och ni vill veränneren.
D’R4 mat där souwuel Studente wéi Kënschtler domat ënnerwee waren hat et och op de groussen Ecran gepackt. De prominentste Proprietär ass awer am Moment sécherlech de Poopst Franziskus. Deen huet nach eng, och wann déi net als Papa Mobile an den Asaz kënnt.
Grouss Usprech huet een ni dierfen stellen. De Präsident vu Renault, Pierre Dreyfus huet seng Kreatioun mat enger Jeans verglach.“Ein Kleidungsstück, das man bei allen Gelegenheiten tragen kann, wenn man keinen Anspruch auf Snobismus und Konformismus erhebt.”