Fir iwwer 90 Garagen uechter d’Land huet dëse Weekend hire Karschnatz ugefaangen: Den Autosfestival. Wärend 10 Deeg stinn déi verschidde Marken de Clienten zur Verfügung, fir se am direkte Kontakt ze beroden. A se beim Choix vum neien Auto ze begleeden.
Bensinner, Diesel, Hybrid, Plug-In-Hybrid, Elektresch? Kafen oder Leasen? Do bréngt de Projet, sech en neien Auto unzeschafen emol séier Kappzerbrieches mat sech. Grad, well jee no Model, e Gefier Haut des Dag en zolidd d’Investissement ass. “Fir d’Clienten ass dat eng Méiglechkeet an dëser Lëtzebuerger Traditioun déi nei Modellen z’inspizéieren. Kucken, wat ass um Marché? Kucken, wat déi verschidde Marken ze bidden hunn a wou d’Virdeeler, wou d’Nodeeler eventuell leien? Wat kéint fir mech fir den Alldag passen? Do probéiere mir als professionell Beroder opzetrieden,” sou de Garagist Michel Lentz. De Client beroden, am direkte Kontakt. an dat an der Garage vun hirem Choix.
Et ass e Service, op deen d’Lëtzebuerger Garagisten houfreg sinn. An dee kloer den Ënnerscheed zu engem Salon duerstelle géif, wéi de President vun der Federatioun vun den Autosdistributeure FEDAMO Philippe Mersch erkläert. “Et sinn eng Rei Marken, déi elo wierklech Fokus op de Festival leeën. An da musst Der bedenken, dass natierlech och aner Marke vill méi am professionelle Marché aktiv sinn. Deen ass manner present wärend dem Festival. Mä duerch d’Bank soe mer ëmmer, dass eng labber 35 Prozent vum Ëmsaz gemaach gëtt an deenen éischten zwee Méint.”
Wat fir en Typ un Auto, ass dann elo den Ament gefrot? ‘’Wat ass dee privaten Notzen? Dat heescht, wat mécht de Client? Een, deen extreem vill Kilometer fiert, mir hu jo och Fräiberuffler, déi véierzeg,– fofzeg– oder siechzeg-Dausend Kilometer am Joer fueren, déi zécken natierlech nach e bëssen. D’Ladeinfrastruktur, do ass nach Potenzial, fir dat besser ze maachen. Et kommen elo Autoen, déi och déi Kilometer do stemme kënnen. Datt sou en Auto och fir déi Leit interessant ass. Awer interessant fannen ech, datt am Privatberäich déi Nofro no Elektro ëmmer méi grouss gëtt. Läit natierlech och un deem ëmmer besser wäerdenden Angebot vun den Autoen”, esou de Garagiste Rainer Mayer.
An de Philippe Mersch confirméiert dat. “Jo. Oder Hybrid. Éischtens gesi mer dat an den Zuelen an och soss an der Demande sinn ëmmer méi Leit, déi Hybrid wielen. Aus ekonomeschen, effiziente Grënn. A mir sinn och frou ze mierken, elo dëst Joer, dass d’Leit e bëssen och un de Plug-in-Hybrid erëm druginn, wou elo an deene leschten zwee Jore vläicht e bësse vernoléissegt ginn ass.”
“Komescherweis geet et net direkt ëm de Präis, mee et geet méi ëm ‘wat kann den Auto? Wat kann e mer bidden? Wéi eng Léisunge bitt e mer am Alldag?’ An da geet et am zweete Schratt eréischt ëm de Präis”, sou de Michel Lentz. Wann et bis ëm de Präis geet, dann heescht et sech entscheeden: Kafen oder Leasing? “Leasing ass typesch, éischter eng Zäit op dräi - véier Joer, wou een dann iwwert eng Leasingsgesellschaft den Auto benotzt am Fong an d’Fraise monatlech ofbezilt. An de Kredit oder respektiv de Kaf vum Auto, dat ass da meeschtens, wann ech den Auto wëll méi laang halen. A mir mierke jo, dass d’Tendenz awer och um Marché ass, dass Leit hiren Auto méi laang wëllen halen,” seet nach de Philippe Mersch
D’Conclusioun läit op der Hand: Beim Kaf vun engem Auto spillt villes mat, wat um Enn de Choix direkt mat beaflosst.