Chamberkommissioun71,7 Milliounen Euro fir de Reamenagement vum Echangeur Steebrécke virgesinn

RTL Lëtzebuerg
Et sinn een neie ovale Kreesverkéier, Schutzmaueren an een Opfaangbecke virgesinn.
Echangeur Steebrécken
Et sinn een neie ovale Kreesverkéier, Schutzmaueren an een Opfaangbecke virgesinn.

De Projet soll 71,7 Milliounen Euro kaschten. Um Donneschdeg gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun driwwer diskutéiert.

Zu Steebrécken ass een ovale Rond-Point geplangt, deen d’N13 mat verschiddenen Autobunns Op-an Offaarte verbannen soll. Dëse Kreesverkéier gëtt mat Luuchten equipéiert, fir de Verkéier ze leeden an d’Gefor vu Stauen ze reduzéieren. Weider Infrastrukturen op der Plaz ginn ugepasst.

Donieft soll d’Beschleunegungsspur, fir op d’A4 a Richtung Esch eropzefueren, ausgebaut ginn an op den neiste Stand bruecht ginn. Doriwwer eraus ginn 2 nei Brécke gebaut, fir d’N13 ënnert der A4 erduerchzeféieren an déi bestoend Bréck vun der N4 gëtt opgerappt. Dës Aarbechte wieren een Element vum ganze Projet A4.

D’A4 ass eng vun meescht befuerenen Autobunnen hei am Land.

Och soll een Opfaangbecke gebaut ginn. Och berécksiichtegt de Projet d’Rou vun den Awunner. Ronn 11.000 Meter Carré Schutzmauere sollen op béide Säite vun der Autobunn installéiert ginn. Deemnächst sollen och d’Aarbechte vun der Tankstell op der A4 zu Steebrécken a Richtung Esch ufänken. Hei gouf et Kritik vun den Piraten wéinst de Käschten.

D’Aarbechte vum Reamenagement vum Echangeur fänken am Fréijoer d’nächst Joer un an dauere bis 2024.

Back to Top
CIM LOGO