Wichteg Politiker oder aflossräich Businessleit gehéieren zu deene Mercedes-Clienten, deenen eng ‚normal' S-Klass net duergeet. Si brauchen a verschiddenen Situatiounen eng ganz besonneg Protektioun. Zënter bal 80 Joer liwwert d'Mark mam Stär dofir speziell ‚Sonderschutzfahrzeuge'. Elo gëtt d'Gamme vun der S-Klass mam Guard-Modell kompletéiert.

Basis fir déi gepanzert S-Klass ass den S600 mam laange Radstand (Biturbo-V12, 517 Päerd). Schonn direkt an der Fabrik zu Stuttgart-Sindelfingen gëtt d'Karosserie vun de Guard-Modeller verstäerkt. Dat heescht, déi ganz Panzerungen ginn net nodréiglech montéiert, mä ginn direkt um Ufank vun der Produktioun integréiert.

Wéinst dem méi héiche Gewiicht goufen och Fuerwierk, Suspensioun a Bremsen ugepasst. Och soss huet den S600 Guard all méiglech Sécherheets-Gadgeten. Dozou gehéiert zum Beispill eng Sauerstoff-Fläsch déi automatesch frësch Loft erabléist, wa vu baussen eng Gëftgas-Attack op den Auto a seng Passagéier lancéiert gëtt. Oder en Tank, deen sech automatesch erëm ofdicht, wann drop geschoss gouf.

Déi gepanzert S-Klass wier domatter nach besser geschützt, wéi dat vun den ëffentlechen Sécherheets-Virschrëften (Euro-B6/B7-Norm) gefuerdert giff ginn.