E Mëttwoch wäerte wéinst dem Streik a Frankräich keng Zich tëscht Lonkech a Rodange zirkuléieren.

Schwéier Virauszesoen, ma wuel Problemer op der A31

Et ass duerchaus méiglech, datt et op der A31, zu Metz, zu Lonkech oder zu Diddenuewen zu méigleche Blockage vun der Strooss ka kommen. E "Blockage Total vers Luxembourg" ass fir op der A31 op der Héicht vu Kanfen annoncéiert. Wéini genau dat passéiert, gouf awer net präziséiert. E Blockage ass och op der A30 an der Géigend vun Diddenuewen virgesinn.

Ma och an de Géigende vu Lonkech a Metz ass et net ausgeschloss, datt et dozou wäert kommen, datt Manifestante Stroosse blockéieren. Weider Detailer op RTL Infos.

Luxair: Wéinst Streik vu Fluchlotsen a Frankräich ass mat Perturbatiounen ze rechnen

Dowéinst ass mat méigleche Retarden an Ausfäll hei zu Lëtzebuerg ze rechnen. D'Luxair schreift an engem Communiqué, datt een d'Situatioun am Bléck wäert behalen an alles géif ënnerhuelen, fir den Impakt esou kleng wéi méiglech ze halen. D'Passagéier sinn opgeruff, op d'mannst zwou Stonne virun hirem Fluch um Findel ze sinn, fir all anere méigleche Retard ze evitéieren. Sollt et zu Ausfäll oder Verspéidunge kommen, wäert déi national Fluchgesellschaft dat de betraffene Passagéier matdeelen.

CFL: Keng Zich tëscht Rodange a Lonkech

D'CFL deele mat, datt een den aktuellen Informatiounen iwwert den annoncéierte grousse Streik bei eise franséischen Nopere muss dovunner ausgoen, datt d'Zich, déi vun der Stad iwwer Käerjeng a Rodange op Lonkech fueren, net kënnen op der franséischer Säit zirkuléieren. Dofir gouf d'Decisioun geholl, datt den 10. September keng Zich tëscht Rodange a Lonkech a béid Richtunge wäerten zirkuléieren. Rodange ass domadder d'Endstatioun vun deem Zuch.

Aktuellen Informatiounen no, wat awer nach changéiere kéint, wéi déi national Bunn präziséiert, wäert d'Linn Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz net vum Streik beaflosst ginn. Esou wäerten déi normal Linneverbindungen esou wéi och den TGV bis op weider Nouvellen op dëser Streck fueren. Ersatzbusser ginn eebe just tëscht der Stater Gare a Beetebuerg, a béid Richtungen, agesat. Dës hunn awer näischt mam Streik ze dinn, mä mat den Aarbechte vun den CFL, déi bis e Sonndeg daueren.

D'Passagéier, déi e Mëttwoch tëscht Frankräich a Lëtzebuerg a béid Richtunge wëlle fueren, solle sech am Virfeld um Site vun den CFL oder dem TER Grand Est iwwer méiglech Verspéidungen an Ausfäll informéieren.

D'Schreiwes vun den CFL

Un mouvement de grève interprofessionnel est annoncé en France pour ce mercredi 10 septembre 2025.
Selon les informations connues à ce stade, la circulation des trains CFL à destination de Longwy (ligne Luxembourg – Bascharage-Sanem – Rodange – Longwy) sera concernée par ce mouvement de grève. Ainsi le mercredi, 10 septembre 2025, Aucun train ne circulera entre Rodange et Longwy (dans les deux directions), les trains de la ligne Luxembourg – Bascharage-Sanem – Rodange – Longwy auront leur départ/terminus en gare de Rodange. Les trains CFL à destination d’Athus continueront de circuler normalement.

La ligne Luxembourg – Thionville – Metz n’est, à ce stade, pas concernée par ce mouvement de grève (sous réserve de modification ultérieure). Les trains régionaux de cette ligne ainsi que les TGV devraient donc circuler normalement, avec un service de bus de remplacement entre les gares de Bettembourg et de Luxembourg (dans les deux sens) en raison des travaux d’été menés par les CFL jusqu’au dimanche 14 septembre inclus.

Nous invitons nos clientes et clients qui désirent se rendre en France au départ de Luxembourg (et vice-versa) à vérifier les éventuelles perturbations via www.cfl.lu, via l’application CFL mobile ou le site TER Grand Est (à partir de ce mardi 9 septembre 17 heures).