Zanter 2017 gëtt op der Ettelbrécker Gare geschafft. Déi zweetgréisste Gare vum Land gëtt no an no zu engem Pôle d'échange multimodal ëmgebaut.

Ma och dee ganze Quartier kritt en neit Gesiicht. Zum Projet gehéiert eng Unterfürung, déi de Quartier vum Autostrafic entlaaschte wäert. An déi hëlt ëmmer méi Form un.

Um Rond-point zu Ierpeldeng bei der Patton-Bréck hëlt eng nei Tankstell Form un. Normalerweis ass dat, grad zu Lëtzebuerg, net wierklech eng Nouvelle wäert, ma an dësem Fall hänkt d'Realisatioun vun engem groussen Infrastrukturprojet dovunner of. Well réischt, wann déi nei Tankstell fäerdeg ass, kann déi an der Entrée vun Ettelbréck ewechgerappt ginn. An dat ass d'Viraussetzung dofir, datt op dëser Plaz déi ëstlech Entrée respektiv Sortie vun der geplangter Unterfürung entstoe kann. An dat dierft guer net méi sou laang daueren, well ënnert dem Buedem kommen d'Aarbechten um Tunnel aktuell gutt virun.

"Am Moment si mer am gaangen, Étanchitéitsaarbechten ze maachen. Dat heescht ënnert der Strooss muss ofgedicht ginn, déi Aarbechte si grad am gaangen a mir hunn och ugefaangen, de Finissage am Tunnel selwer ze maachen. Dat heescht, do gi lénks a riets d'Mauere gebaut, wou den Tunnel seng final Optik kritt. A réischt wann dee ganze Gros oeuvre ofgeschloss ass, wäerte mer am Joer 2027-2028 déi lescht Finitiounsaarbechte maachen, spréch déi ganz Technik installéieren", erkläert de Marc Ries, Chef de division Diekirch bei Ponts et chaussées.

Et ass een elo an der Hallschent vum ronn 300 Meter laangen Tunnel. Dee gëtt an der sougenannter Deckelbauweis realiséiert. Dat heescht, de Plaffong gouf fir d'éischt iwwerierdesch gebaut an dono rëm zougemaach. Dee läit op 1.300 Péil, vun deenen der schonn eng 1.000 am Buedem sinn. De Käschtepunkt vum Tunnel läit bei 38 Milliounen Euro. Dee ganze Projet vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare schléit iwwerdeems nach ee gudde Krack méi an d'Geld.

"Do gehéiert jo och déi nei Pattonsbréck, déi mer scho gebaut hunn, do gehéiert de Reamenagement vun der Rue Prince Henri, vun der Avenue Salentiny zum Deel mat dobäi. An dann och d'Rue J-F Kennedy, déi no dësen Aarbechte komplett reamenagéiert gëtt. Do leie mer da bei engem Gesamtkäschtepunkt vu 84 Milliounen Euro."

Ma och beim Kreesverkéier zu Ierpeldeng wäert sech eppes a Saache Mobilitéit doen. Op d'mannst indirekt, well hannert der Tankstell entsteet ee grousse Parking fir Busser.

"Et ass sou, datt d'Busser, wa se hir Course maachen, jo och mussen hir Pause maachen an dat ass hei zu Ettelbréck ëmmer rëm ee Problem gewiescht. Dofir hu mer jo hei notamment eng Strooss gespaart, fir datt d'Busser kënnen hir Pause maachen. Mee dat ass just eng kuerzfristeg Léisung. D'Léisung fir de long terme ass, datt mer hei ee Busparking bauen. Dat wäert ee Parking fir eng ronn 30 Busser ginn, déi dann hei kënnen hir Paus maachen, wou och sanitär Anlage fir déi Leit zur Verfügung stinn. An et ass geplangt, datt mer d'nächst Joer am Hierscht, wa mer all déi néideg Autorisatiounen hunn, mat den Aarbechte wäerten ufänken."

Dëse Projet kascht ronn eng Millioun Euro. A wann e bis fäerdeg ass, wäert d'Rue du Viaduc tëscht der Laduno an dem Rond-Point och rëm ganz fir den Trafic opgoen.