Vum 12. Oktober an nach bis den 13. November kann ee seng Pneuen a Luuchten an de Garagen, de Kontrollstatiounen an dem ACL kontrolléiere loossen.

Och wann an dëser Zäit d'Pneuen net an der Rei sinn, mécht d'Police awer en Avertissement taxé.

Wat d'Luuchte betrëfft, esou kann ee verwarnt ginn an dono huet een dräi Deeg Zäit, de Problem ze behiewen. Hei geet déi repressiv Phas den 1. November un.